Content-Length: 126999 | pFad | https://lb.wikipedia.org/wiki/Staatsrot_(L%C3%ABtzebuerg)

Staatsrot (Lëtzebuerg) – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Staatsrot (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Staatsrot
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Staatsrot (Gebai)
Um Spaweck http://www.conseil-etat.public.lu/
D'Gebai vum Staatsrot um Fëschmaart.
D'Gebai vum Staatsrot (mam ronnen Tuerm) vum Rempart aus gesinn. Lénks de Boulevard Victor-Thorn.
5, Rue Sigefroi
Plack beim Agank vum Staatsrot

De Staatsrot ass e consultatiivt Organ am Lëtzebuerger politesche System. Seng Kreatioun geet zeréck op d'Constitutioun vum 27. November 1856.

E setzt sech zesummen aus 21 Memberen (vun deenen der op d'mannst 11 musse Juriste sinn), déi formell vum Groussherzog ernannt an entlooss ginn, an dat op d'Propos hi vun (een nom aneren) der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot selwer. Dobäi kënnt nach den Ierfgroussherzog, soubal dësem den Titel zougestane gouf a soulaang bis en als Lieutenant-Représentant vereedegt gouf. Den Ierfgroussherzog gëtt direkt vum Grand-Duc ernannt.

De Staatsrot erfëllt ze soen d'Roll vun enger zweeter Chamber, ouni awer sou eng ze sinn. Hien huet just d'Funktioun fir säin Avis ze ginn: Hie muss iwwer all Gesetzesvirschlag oder - projet consultéiert ginn, ier d'Chamber doriwwer kann ofstëmmen. Dobäi muss en iwwerpréiwen, ob d'Virschléi an d'Propositiounen a Konformitéit mat der Constitutioun sinn, international Konventiounen, dorënner och d'EU-Recht respektéieren an och soss näischt Onrechtméisseges dra steet.

Och groussherzoglech Reglementer (also Beschlëss vun der Regierung) kënnen dem Staatsrot virgeluecht ginn. Schliisslech decidéiert de Staatsrot, ob d'Chamber eng zweet Kéier muss ofstëmmen (de sougenannte Vote constitutionnel). Dëst ass eng Zort suspensive Veto, d. h. am Endeffekt kann d'Chamber sech driwwer ewechsetzen.

Bis 1994 war de Staatsrot och nach eppes wéi en iewescht Geriicht, mä en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Affär Procola huet festgestallt, datt dëst net mat den demokratesche Prinzippie vun der Gewaltentrennung kompatibel wier.

Am Abrëll 2005 huet d'Regierung e Gesetzesentworf virgeluecht, dee virgesäit, d'Zuel vun de Membere vun 21 op 27 ze héijen[1]. Zu enger Ofstëmmung iwwer dëse Gesetzesentworf koum et allerdéngs net. De Projet de loi ass am Ganzen dräimol zeréck an d'Institutiounekommissioun gaangen, bis en dunn am Mäerz 2016 offiziell zeréckgezu gouf.[2]

Den 1. Juni 2017 gouf an der Chamber dann en neit Gesetz gestëmmt, dat virgesäit, datt an Zukunft op d'mannst een Drëttel vun de Membere vum Staatsrot musse Frae sinn. Dës Weidere gouf d'Amtszäit vun de Memberen op 12 Joer begrenzt.[3],[4] Nodeems am Mee 2018 d'Sam Tanson (Déi Gréng) vun hirer Plaz am Staatsrot zeréckgetrueden ass, fir op d'Plaz vum Claude Adam an der Chamber nozeréckelen, koum et am Staatsrot zum Eclat. Déi Gréng haten d'Affekotin Joëlle Christen fir de vakante Sëtz proposéiert. Amplaz vun der Joëlle Christen gouf allerdéngs déi onofhängeg Affekotin Martine Lamesch fir déi Plaz nominéiert.[5][6]

De Staatsrot huet säi Sëtz an engem Gebai um Fëschmaart.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsrot (Gebai).

Aktuell Memberen

[änneren | Quelltext änneren]

Membere vum Staatsrot sinn:[7]

Positioun Numm Proposéiert vun[8] Beruff Nominatioun fir Member[9]
1 President Marc Thewes CSV Affekot 4 Februar 2015
2 Vizepresident Alain Kinsch DP Wirtschaftspréifer 4. Februar 2015
3 Vizepresident Alex Bodry LSAP Affekot 21. Januar 2020
Conseiller

(Ierfgroussherzog)[10]

4 Conseillère Lydie Lorang CSV Affekotin 2010-02-011. Februar 2010
5 Conseiller Lucien Lux LSAP Politiker 24. Dezember 2013
6 Conseiller Jeannot Nies CSV fréiere Magistrat 11. Mee 2015
7 Conseiller Dan Theisen DP Conseiller de Gouvernement 10. Juni 2015
8 Conseillère Héloïse Bock DP Affekotin 25. Juli 2015
9 Conseiller Marc Colas CSV Ekonomist 27. November 2015
10 Conseillère Isabelle Schlesser Juristin 1. Juli 2016
11 Conseillère Véronique Stoffel ADR Affekotin 5. Mäerz 2018
12 Conseiller Yves Wagener Déi Gréng Affekot 1. Februar 2019
13 Conseillère Deidre Du Bois Déi Gréng Affekotin 10. Dezember 2019
14 Conseiller Marc Meyers Museksproff 7. Abrëll 2021
15 Conseillère Josiane Pauly Juristin 20. Oktober 2021
16 Conseillère Monique Adams Juristin 28. Januar 2022
17 Conseiller Paul Wirtgen Dokter 14. Mäerz 2022
18 Conseiller Luc Feller CSV Conseiller de Gouvernement 13. Mäerz 2024
19 Conseiller Alex Penning Affekot 21. Mäerz 2024
20 Conseiller Thierry Schuman Psycholog 24. Juli 2024
21 Conseiller(e) nn

Fir eng komplett Lëscht vun all de Memberen zanter der Grënnung, 1857, kuckt: Lëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger Staatsrot.

Presidente vum Staatsrot

[änneren | Quelltext änneren]
President vum Staatsrot Ufank vun der Funktioun Enn vun der Funktioun
Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine 28. November 1857 10. Abrëll 1868
Charles-Mathias Simons 5. Januar 1869 5. Januar 1870
François-Xavier Wurth-Paquet 16. Februar 1870 16. Februar 1871
Vendelin Jurion 15. Mäerz 1871 15. Mäerz 1872
Édouard Thilges 25. Juli 1872 29. Juli 1874
Emmanuel Servais 27. Dezember 1874 8. November 1887
Henri Vannerus 15. Februar 1888 15. Februar 1889
Édouard Thilges 15. Februar 1889 23. Mee 1895
Henri Vannerus 23. Mee 1895 28. Dezember 1914
Victor Thorn 28. Dezember 1914 3. Mäerz 1915
Victor Thorn 6. November 1915 24. Februar 1916
Mathias Mongenast 1. Abrëll 1916 19. Juni 1917
Victor Thorn 19. Juni 1917 15. September 1930
Joseph Steichen 27. Februar 1931 20. Februar 1932
Ernest Hamélius 10. Juni 1932 16. November 1945
Léon Kauffman 14. Dezember 1945 14. Februar 1952
Félix Welter 14. Februar 1952 30. Juni 1969
Maurice Sevenig 1. Juli 1969 26. Juni 1975
Emile Raus 26. Juni 1975 25. Juni 1976
Albert Goldmann 26. Juni 1976 4. Dezember 1976
Ferdinand Wirtgen 20. Dezember 1976 30. September 1978
Roger Maul 1. Oktober 1978 16. September 1979
Alex Bonn 21. September 1979 18. Juni 1980
François Goerens 20. Juni 1980 2. August 1987
Ernest Arendt 6. August 1987 6. August 1988
Georges Thorn 6. August 1988 30. Oktober 1991
Jean Dupong 1. November 1991 18. Mee 1994
Paul Beghin 19. Mee 1994 31. Dezember 1999
Raymond Kirsch 14. Abrëll 2000 13. Januar 2001
Marcel Sauber 15. Januar 2001 11. Mäerz 2003
Pierre Mores 29. Abrëll 2003 30. September 2007
Alain Meyer 1. Oktober 2007 14. November 2009
Georges Schroeder 17. November 2009 7. Juni 2012
Victor Gillen 7. August 2012 20. Dezember 2014
Viviane Ecker 23. Dezember 2014 28. Mäerz 2016
Georges Wivenes 30. Mäerz 2016 31. Mäerz 2019
Agnès Durdu 1. Abrëll 2019 1. Abrëll 2021
Christophe Schiltz 7. Abrëll 2021 6. Abrëll 2024
Marc Thewes zanter 7. Abrëll 2024
  • Le Conseil d'Etat, gardien de la Constitution et des Droits et Libertés fondamentaux, 2006, ISBN 2-9599724-1-4
  • Le Conseil d'Etat face à l'évolution de la société luxembourgeoise, 2006, ISBN 2-9599724-0-6
Commons: Staatsrot (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Projet de Loi N° 5458. Websäit vun der Chamber:
  2. Websäit vun der Chamber:
  3. Gesetz vum 16 Juni 2017. Legilux:
  4. Artikel bei RTL
  5. (de)Staatsrat antwortet auf offenen Brief der Grünen. Gekuckt de(n) 2024-10-08.
  6. (de)Überraschung im Staatsrat. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 08.10.2024.
  7. Lëscht vum 16. September 2024 op der Internetsäit vum Staatsrot
  8. "On achève bien les chevaux". Forum 261, 10. November 2006 Archivéiert de(n) 2012-02-18. Gekuckt de(n) 2009-04-30.
  9. Membres depuis 1857 - Websäit vum Staatsrot Archivéiert de(n) 2009-11-03. Gekuckt de(n) 2009-04-30.
  10. Den Ierfgroussherzog Guillaume war vum 10. Juni 2005 bis den 8. Oktober 2024 (Nominatioun als Lieutenant-Représentant) Conseiller am Staatsrot.








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Staatsrot_(L%C3%ABtzebuerg)

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy