11. Mee
datum
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | |
2025 |
Den 11. Mee ass den 131. Dag vum Joer (132. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 330: Dat nom réimesche Keeser Konstantin I. benannt Konstantinopel gëtt ageweit.
- 1573: Den Henri vu Valois gëtt Kinnek vu Polen.
- 1745: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Schluecht vu Fontenoy.
- 1867: Lëtzebuerg gëtt, fir e franséisch-däitsche Krich ze verhënneren, um Londoner Kongress fir op éiweg neutral an onofhängeg deklaréiert.
- 1944: Zweete Weltkrich: Zu Beetebuerg komme bei engem amerikanesche Fligerbommenugrëff op d'Gare, deen derlaanscht geet, 27 Leit ëm d'Liewen.
- 1994: De Silvio Berlusconi gëtt neie Regierungschef an Italien.
Sport
änneren- 1924: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt um Terrain vun der Spora 2:1 géint d'Belsch. D'Goler fir Lëtzebuerg huet de François Langers geschoss.[1]
- 1961: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lonkech 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul May geschoss.[2]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.[3]
Gebuer
änneren-
K.F.H. v. Münchhausen
-
Salvador Dalí
-
Renaud
- 1366: Anne vu Béimen, Fra vum Richard II. vun England.
- 1720: Karl Friedrich Hieronymus von Münchhausen, däitsche Jeeër an Offizéier.
- 1824: Jean Pierre Foehr, lëtzebuergesche Jurist, Deputéierten an Diplomat.
- 1847: Godefroid Kurth, belschen Historiker.
- 1892: Margharet Rutherford, brittesch Schauspillerin.
- 1894: Emile Majerus, lëtzebuergesche Moler.
- 1904: Salvador Dalí, spuenesche Moler (Surrealismus).
- 1904: Charles Bouillaud, franséische Schauspiller.
- 1910: John Paddy Carstairs, engleschen Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1911: Hans Wolter, däitsche Physiker an Erfinder.
- 1916: Camillo José Cela, spuenesche Schrëftsteller.
- 1924: Antony Hewish, brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
- 1926: Yvonne Furneaux, franséisch Schauspillerin.
- 1928: Marco Ferreri, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1928: Frank Wolff, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1930: Edsger W. Dijkstra, hollänneschen Informatiker.
- 1946: José Samyn, franséische Vëlossportler.
- 1948: Jeannot Moes, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 1952: Renaud, franséische Museker.
- 1957: Fanny Cottençon, franséisch Schauspillerin.
- 1972: Joëlle Diderich, lëtzebuergesch Journalistin a Fotografin.
- 1973: Igor Matovič, slowakesche Politiker.
- 1992: Thibaut Courtois, belsche Schauspiller.
- 1992: Lou Linster, lëtzebuergesche Politiker.
- 1997: Yannick Erpelding, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 2005: Gwyneth ten Raa, hollännesch-lëtzebuergesch Schileeferin.
Gestuerwen
änneren- 1708: Jules Hardouin-Mansart, franséischen Architekt.
- 1871: John Herschel, britteschen Astronom a Pionéier vun der Fotografie.
- 1892: Pius Bonifatius Gams, däitschen Theolog.
- 1916: Max Reger, däitsche Komponist, Pianist, Organist an Dirigent.
- 1916: Karl Schwarzschild, däitschen Astronom a Physiker.
- 1929: François Moes, lëtzebuergesche Handwierksvertrieder.
- 1934: Lazare Sainéan, rumänesche Romanist.
- 1944: Michel Hack, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 1954: Henri Koch, lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.
- 1956: Walter Sydney Adams, US-amerikaneschen Astronom.
- 1973: Lex Barker, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1981: Bob Marley, jamaikanesche Reggae-Museker.
- 1998: Ernst Ising, däitsch-US-amerikanesche Physiker.
- 2007: Tanumafili II., Staatschef vu Samoa.
- 2019: Jean-Claude Brisseau, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent.
- 2021: Buddy Van Horn, US-amerikanesche Cascadeur.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 11. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 11. Mee 1924 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 11. Mee 1961 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Japan-Lëtzebuerg den 11. Mee 1980 op der Websäit European Football