Dominique Brasseur
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Affekot a Politiker Alexis Brasseur. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alexis Brasseur. |
Dominique Brasseur | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique-Alexis Brasseur |
Gebuer |
14. Juni 1833 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
17. November 1906 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Famill | |
Geschwëster | Pierre Brasseur (Industriellen), Hubert Brasseur (1823) |
Kanner | Alexis Brasseur, Robert Brasseur |
Den Dominique (genannt Alexis) Brasseur, gebuer de 14. Juni 1833 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 17. November 1906 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Hie war vun 1866 bis 1899 Deputéierten an der Chamber. Vun 1891 (Nominatioun: 27. Januar 1891)[2] bis 1894 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Duerno war e bis 1899 do am Gemengerot.
Den Dominique Alexis Brasseur war Matgrënner vun enger Rëtsch Schmelzen, dorënner d'Société des Hauts Fourneaux Luxembourgeois zu Esch-Uelzecht.
Hie war de Jong vum Dierwiechter Alexis Brasseur (1775-1841) an deem senger Fra aus zweetem Bestietnes, der Marie-Anne Schockmel (1794 - 1873). Hie war mat der Constance Brasseur bestuet, der Duechter vu sengem Hallefbrudder Jean-Baptiste. Den Alexis an de Robert Brasseur ware seng Jongen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Mersch, Jules, Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 19, S.77 - S. 93
- Arendt, Karl. Advokat Dominik Alxis Brasseur. S. 70 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Virgänger: Emmanuel Servais |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1891 - 1894 |
Nofollger: Émile Mousel |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nécrologie publizéiert am Luxemburger Wort vum 19. November 1906
- ↑ Arrêté grand-ducal publizéiert am Mémorial N° 7 vum 27. Januar 1891, S. 117