Op den Inhalt sprangen

Méchelskierch vu Miersch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Miersch)
Méchelskierch vu Miersch
d'Trauerweide goufen am Juni 2024 duerch e Stuerm ëmgeheit an ewechgeholl.

d'Trauerweide goufen am Juni 2024
duerch e Stuerm ëmgeheit an ewechgeholl.
d'Trauerweide goufen am Juni 2024
duerch e Stuerm ëmgeheit an ewechgeholl.
Uertschaft / Plaz Miersch
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratioun 1868
Architekt(en) Théodore Eberhard
Koordinaten 49° 44’ 47.1’’ N
      06° 06’ 09.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Méchelskierch vu Miersch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Rue Nicolas Welter, dem CR102 mat der Place de l'église an ass d'Nofollgerin vun enger Kierch, déi op der Méchelsplaz stoung a vun där nach de Klackentuerm stoe bliwwen ass.

De 6. Dezember 2023 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Virun der Kierch ass de Monument aux morts zum Gedenken un d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Zur fréierer Par Miersch hunn ausser der Méchelskierch vu Miersch och nach d'Haupeschkierch vu Recken, d'Andreaskierch vu Biereng, d'Appoloniakierch vu Rolleng an d'Willibrorduskierch vu Schëndels gehéiert.

Déi al Kierch vu Miersch aus dem Mëttelalter war baufälleg. De Grondstee fir déi "nei" Kierch gouf de 24. Juni 1844 vum Apostolesche Vikar Jean-Théodore Laurent geluecht. Den Architekt Théodore Eberhard huet d'Pläng fir dësen neoklassizistesche Bau gezeechent, dee sech um Modell vun der Kierch vu Stenay inspiréiert huet. Si gouf de 7. Februar 1850 duerch de spéidere Bëschof Nicolas Adames ageseent an de 15. Juni 1868 geweit.

D'Molereien am Banneraum goufen tëscht 1934 an 1939 gemoolt a si vum Benediktinerbrudder Notker Heinrich Becker aus der Abtei Maria Laach, deen ënner anerem och d'Molereien an der Parkierch Diddeleng gemaach hat.

Commons: Méchelskierch vu Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy