Bouneweg-Süd
Bouneweg-Süd | |
---|---|
Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Bouneweg | |
An anere Sproochen |
fr: Bonnevoie-sud de: Bonneweg-Süd |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 13.550 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 239,01 ha |
Héicht | 315,7 m |
Koordinaten |
49° 35’ 49.1’’ N 06° 08’ 34.6’’ O |
Bouneweg-Süd ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Südoste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht billt en d'Uertschaft Bouneweg.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Bouneweg-Süd grenzt am Norden un de Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Hamm, d'Gemeng Hesper, Gaasperech an d'Gare. Am Norde mécht d'Uelzecht d'Grenz mam Nopeschquartier Hamm.
De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]2001 hunn am Quartier Bouneweg-Süd 10.596 Leit gelieft.
Op den 31. Dezember 2022 waren et der 13.550, wouvun 31,99 % Lëtzebuerger waren an 68,01 % Auslänner[2]. Et ass domat de Quartier mat de meeschten awunner.
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 13 550 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 4 335 | 31,99 |
2 | Portugal | 2 253 | 16,63 |
3 | Frankräich | 2 080 | 15,35 |
4 | Italien | 1 072 | 7,91 |
5 | Spuenien | 425 | 3,14 |
6 | Belsch | 347 | 2,56 |
7 | Däitschland | 296 | 2,18 |
8 | Rumänien | 215 | 1,59 |
9 | Griicheland | 137 | 1,01 |
10 | Indien | 130 | 0,96 |
Top 10 | 11 290 | 83,32 | |
Aner Nationalitéiten | 2 260 | 16,68 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt de(n) 28.05.2023.
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.