Gemeng Stengefort
Gemeng Stengefort | |
---|---|
d'Märei vu Stengefort | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Steinfort de: Steinfort |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Capellen |
Chef-lieu | Stengefort |
Buergermeeschter | Sammy Wagner (LSAP) |
Awunner | 6.000 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.216 ha |
Héicht | 307 m |
Koordinaten |
49° 39’ 36’’ N 05° 54’ 56’’ O |
LAU-Code | LU0110 |
Websäit | https://www.steinfort.lu/ |
D'Gemeng Stengefort ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stengefort vun där se och hiren Numm huet.
Se läit am Äischdall am Weste vum Land, op der belscher Grenz.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Grass
- Hoen
- Klengbetten
- Stengefort
- bis 1839: Sterpenech, gehéiert haut zu Arel
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng läit am Dall vun der Äisch an op de Koppen ëm dësen Dall. Déi gréisst Deel vun der Gemeng läit op Lëtzebuerger Sandsteen mat Ausnam vun der Gewan vu Grass an enger Partie vun Hoen.
Duerch Stengefort leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]
|
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: de gueules à la tour crénélée ouverte, accostée aux flancs de trois tourelles décroissantes en hauteur et en largeur, posées sur un perron, le tour d'or, soutenu d'une terrasse ondée d'azur chargée d'une trangle aussi ondée d'argent, la tour accostée en chef de deux croix ancrées d'argent |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Stengefort gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot baséiert, no de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017, op enger LSAP-déi-Gréng-Majoritéit. 2011-2017 war dat eng CSV-DP-Koalitioun.[1]
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 1 | - | 6 |
2005 | 4 | 1 | - | 6 |
2011 | 5 | 1 | - | 5 |
2017 | 4 | 1 | 1 | 5 |
2023 | 2 | 1 | 1 | 7 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Pierre Schroeder[2]
- ...
- 1925 - 1938: Valentin Noesen[3]
- 1938: Joseph Wagner[4]
- ...
- 1945: Dominique Steichen[5]
- ...
- 1970 - 1973: Charles Kieffer
- ...
- 1982 - 2004: Jean Asselborn (LSAP)
- 2004 - 2011: Guy Pettinger (LSAP)
- 2011 - 2017: Jean-Marie Wirth (CSV)
- 2017 - 2021[6]: Guy Pettinger (LSAP)
- zanter 2021[7]: Sammy Wagner (LSAP)
Bekannt Stengeforter
[änneren | Quelltext änneren]- Robert Als (1897-1991), Jurist, Diplomat a Politiker,
- Jean Asselborn (*1949), Politiker,
- Francine Closener (*1969), Journalistin a Politikerin,
- François Simon (1887-1965), Politiker an Ingenieur,
- Yvonne Useldinger (1921-2009), Politikerin, Fraen-Aktivistin a Resistenzlerin.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Stengefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Centre culturel Al Schmelz
- De Stengeforter Stauweier
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Stengefort
- Maria-Theresia-Bréck zu Stengefort
- Stengeforter Poststatioun
- Stengeforter Schmelz
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Stengefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Stengefort
- D'Gemeng Stengefort op der Websäit vum Syvicol
- Syndicat d'initiative Stengefort
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Nei Rout-Gréng-Koalitioun steet - Guy Pettinger neie Buergermeeschter zu Stengefort." rtl.lu, 12.10.2017, 08:42:22.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial N°21 vun 1925 mam Arrêté vun der Nomination vum Valentin Noesen als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
- ↑ Memorial N°71 vun 1938 mam Arrêté vum 5. Oktober 1938 mat der nominatioun vum Joseph Wagner zum Buergermeeschter vu Stengefort
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.
- ↑ Lokales: De Sammy Wagner soll neie Buergermeeschter zu Stengefort ginn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-01.
- ↑ Assermentation du nouveau bourgmestre et d'une nouvelle échevine de la commune de Steinfort. mint.gouvernement.lu (2021-10-21). Gekuckt de(n) 2021-10-22.