Content-Length: 93982 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Nationalstrooss_1A

Nationalstrooss 1A – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 1A

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 1A
D'N1A op der Héicht vun der Uelzechtbréck a Clausen
Clausen - Findel
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Nationalstrooss 1,
Clausen
Koordinaten 49°36'49,00"N, 6°8'40,34"O
Enn Nationalstrooss 1,
Findel
Koordinaten 49°37'40,08"N, 6°12'8,32"O
Duerch Lëtzebuerg, Sandweiler
Vitesslimitatioun 30 km/h, 50 km/h, 70 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 1A
Laf an Uschlëss
Clausen N 1
Uelzecht
CFL-Linn 1
Gronn CFL-Linn 1
Zens CR 219

      = Rue des Alouettes

A 1
N 2A
Findel N 1C
N 1

D'Nationalstrooss 1A oder N1A ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Si huet hiren Ufank a Clausen op der N1 bei der Place Émile-Mousel, um lénksen Uwänner vun der Uelzecht. Vun do aus leeft s'iwwer eng Bréck op déi riets Säit vum Floss an heescht da Rue de la Tour Jacob bis op d'Rumm. Se féiert virun iwwert de Fetschenhaff an den Zens, wou s'op der Héicht vun der Kräizung mat der Rue des Alouettes den Numm Rue Cents kritt. Weider leeft se dann iwwert d'Kalchesbréck op de Findel a stéisst dann hannert der Gréiwelscheier nees op d'N1.

Entwécklung vun der N1A

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'N1A gouf no 1830 klasséiert an ass deelweis iwwert den ale Vizinalwee 15 Eech - Kalchesbréck gelaf.
  • Ursprénglech a bis 1958 ass d'N1A am Neiduerf (Wolleflslach) vun der N1 aus Richtung Kalchesbréck fortgaangen (haut N1C) an huet dunn no Oste gedréint fir um Findel nees op d'N1 ze stoussen.
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwer d'Reklassement vum Stroossereseau ass de Laf vun der Strooss a Clausen liicht ëmg'ännert ginn. Se leeft zanterhier net méi duerch d'Paart bei der Brasserie Mansfeld, mä fänkt bei der Place Émile Mousel un an huet op den éischte 95 m d'Funktioun vun der fréierer N1B iwwerholl[1].
Commons: Route nationale 1A (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Nationalstrooss_1A

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy