Content-Length: 82565 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Index-Katalog

Index-Katalog – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Index-Katalog

Vu Wikipedia

Den Index-Katalog (och IC-Katalog oder IC vum engl. Index-Catalogue) bezeechent e Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien.

Am Ufank gouf et zwéi Katalogen: den Index-Katalog 1 (IC 1) an eppes méi spéit den Index-Katalog 2 (IC 2). Haut ginn dës zwéi Katalogen ënner engem Begrëff Index-Katalog (IC) zesummegefaasst.

Déi zwéin Index-Kataloge sinn Erweiderunge vum NGC Katalog, a gouf grad sou wéi dee vum Johan Ludvig Emil Dreyer zesummengestallt. Den IC 1 gouf 1895 verëffentlecht an am Katalog stinn astronomesch Objeten, déi no der Verëffentlechung vum NGC 1888 bis 1895 entdeckt goufen. Den IC 2 gouf 1908 verëffentlecht an enthält d'Objeten, déi tëscht 1895 an 1908 entdeckt goufen.

Am ganzem Index-Katalog stinn ongeféier 5.500 Objeten. Dorënner sinn och e puer Objete vum Messier-Katalog, déi net am NGC-Katalog stinn.

Am Index-Katalog stinn och Feeler grad wéi am NGC-Katalog. Un enger Verbesserung schafft den NGC/IC-Projet. Als deelweis verbessert Versioun gëllt den NGC 2000.0-Katalog an dee sougenannten Revised NGC/IC Katalog (fir d'éischt 1997/98) vum Wolfgang Steinicke (elo Deel vum NGC/IC-Projet).

Richteg Nofollger vun dëse Kataloge gëtt et net. Zanter dem fréien 20. Joerhonnert goufe Katalogen nëmmen nach speziell fir déi eenzel Objettyppen ugeluecht. Et existéieren och e puer Galaxiëkatalogen.

Objete vum Index-Katalog (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie









ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Index-Katalog

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy