Content-Length: 62296 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Paul_May_(Foussballspiller)

Paul May (Foussballspiller) – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Paul May (Foussballspiller)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Paul May. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Paul May.
Paul May
Gebuer 20. Juni 1935
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Juli 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Paul Nicolas Michel "Schnuck" May, gebuer den 20. Juni 1935, a gestuerwen den 22. Juli 2024[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Hie war vu Beruff Eisebunner. Vun 1955 bis 1957 huet hie bei Aris Bouneweg gespillt, dono, bis 1965, bei der Escher Jeunesse. Seng Positioun war am Mëttelfeld. Hie war do zäitweileg Kapitän, an huet an 156 Partien 107 Goler geschoss.[1]

Tëscht dem 11. November 1958 am 17. Februar 1965 huet hie 24-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[3] Een dovunner war deen zum 1:1 géint Holland, den 11. September 1963, an der Qualifikatioun fir déi Europäesch Coupe vun den Natiounen.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Guy Van Hulle: "Undenken un de Paul, alias 'Schnuck' May". Tageblatt Nr. 195, 21.08.2024, S.23.
  2. De Paul May um Site Football Database.eu
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Paul May op der Websäit vun European Football








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Paul_May_(Foussballspiller)

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy