Zéissenger Baach
D'Zéissenger Baach hannert der Zéissenger Sportshal | |
Längt | 7,4 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
Groussebësch Reckeng op der Mess |
Héicht | 335 m |
Koordinaten |
49° 34’ 49.3’’ N 06° 01’ 44.2’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Péitruss |
Plaz | Hollerech |
Héicht | 265 m |
Koordinaten |
49° 35’ 56.7’’ N 06° 06’ 57.7’’ O |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften | Schléiwenhaff, Zéisseng, Hollerech |
D'Zéissenger Baach ass eng Lëtzebuerger Baach an de Gemenge Reckeng op der Mess, Leideleng a Lëtzebuerg.
Si huet hir Quell am Oste vum Groussebësch um hallwe Wee tëscht dem Luerenzscheierhaff a Riedgen op enger Héicht vu ronn 335 m. Vu do aus leeft se no Osten a fiddert tëscht der Breetheck an dem Bettléngerbësch zwéi kleng Weieren déi zesumme ronn 60 a hunn, fir da weider an Direktioun Schléiwenhaff ze lafen. Do leeft se ënner dem CR163 erduerch, fir dann duerno um Zéissenger Kräiz ënner der Escher an der Areler Autobunn erduerch weider bis op Zéisseng ze lafen. Vun do geet et da weider ënner dem CR179 erduerch bis op Hollerech. Zu Hollerech leeft se dann ënner dem Y vun den Eisebunnsstrecken Péiteng-Lëtzebuerg a Lëtzebuerg-Klengbetten, an ënner dem CR178 erduerch, fir direkt nieft dem südlechen Deel vun der Hollerecher Autobunnsgafel, op enger Héicht vun 265 m an d'Péitruss ze lafen.[1]
D'Zéissenger Baach ass 7,4 km laang.
Renaturéierung zu Zéisseng
[änneren | Quelltext änneren]2012 gouf d'Zéissenger Baach op enger Längt vu ronn 500 Meter renaturéiert.[2] De Projet gouf an zwou Phase realiséiert: Um Lieu-dit am Brill gouf d'Baachbett op enger Längt vun 230 Meter méi breet gemaach an d'Uwänner flaach ugeluecht. An der zweeter Etapp gouf d'Bëtongsbett am Zéissenger Park op enger Längt vun 300 Meter erausgerappt, et goufe Meanderen ugeluecht an d'Uwänner kruten eng natierlech Form. De Projet gouf vun der Stad Lëtzebuerg, där d'Terraine gehéieren, an Optrag ginn, an d'Administration de la gestion de l'eau huet e realiséiert. D'Renaturéierung huet 135.000 Euro kascht.[2]
D'Renaturéierung vun engem Deel vun der Zéissenger Baach, wéi och déi aner Baachrenaturéierungen zu Lëtzebuerg, ginn am Kader vun der EU-Waasserdirektiv realiséiert. Mat där Direktiv huet Lëtzebuerg sech verflicht, e groussen Deel vu senge Waasserleef erëm an en natierlechen Zoustand zeréckzeféieren.[2]
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Zéissenger Baach onkanaliséiert
-
D'Zéissenger Baach kanaliséiert...
-
...ënner der Bréck zu Zéisseng
-
Déi renaturéiert Baach am Park sechs Joer méi spéit.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zéissenger Baach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Jacques Ganser „Internationaler Tag der Flüsse - Renaturierung ist Hochwasserschutz” de 25. September 2016 op wort.lu
Referenzen an Notten
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Cf. S. 9-10 in: https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/flippingbook/ons_stad_38-1991_0-34.pdf
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Ganser, J., 2016. Raus aus dem Bett. Was die Renaturierung der "Zéissenger Baach" gebracht hat. Luxemburger Wort vum 24./25. Sept. 2016, S. 31.
- ↑ News352: Une « coulée verte » dans le parc de Cessange (13. Februar 2012; consultéiert de 26. Mee 2012)
- ↑ Le Quotidien: Nouvelle jeunesse pour le parc de Cessange (13. Februar 2012; consultéiert de 26. Mee 2012)