1. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
Den 1. November ass den 305. Dag vum Joer (306. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1570: Allerhellegenhéichwaasser an der Belsch, Holland an Däitschland; ronn 20.000 Doudeger.
- 1755: Lissabon gëtt duerch en Äerdbiewen an en Tsunami duerno zu zwee Drëttel zerstéiert. Ongeféier 60.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 1799: Den Napoleon begéint dem Sieyès.
- 1814: De Wiener Kongress fänkt un.
- 1894: Den Nikolai II. gëtt nom Doud vu sengem Papp Alexander III. Zar vu Russland.
- 1952: D'USA loossen hir éischt Waasserstoffbomm, Ivy Mike, zu Eniwetok op de Marshall-Inselen explodéieren.
- 1954: De Front de la libération nationale fänkt den Algerienkrich un
- 1956: Ungarn erkläert seng Neutralitéit an den Austrëtt aus dem Warschauer Pakt. Doropshi fänke sowjetesch Truppen un, den Ungaresche Volleksopstand Revolt nidderzeschloen
- 1993: Den Traité vu Maastricht trëtt a Kraaft; d'Europäesch Unioun gëtt gegrënnt.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Alfred Wegener
-
Pierre Dupong
-
Jacques Attali
-
Fabrice Luchini
- 1842: Léon Metz, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1863: Gregor Spedener, lëtzebuergesche Postbeamten an Auteur.
- 1864: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 1877: Else Ury, däitsch Schrëftstellerin.
- 1880: Alfred Wegener, däitsche Meteorolog a Geophysiker.
- 1885: Pierre Dupong, lëtzebuergesche Politiker.
- 1886: Hermann Broch, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1889: Philip Noel-Baker, brittesche Liichtathleet, Politiker a Friddensnobelpräisdréier.
- 1899: Émile Marx, lëtzebuergesche Journalist a Libraire.
- 1902: Paul Dornseiffer, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1915: Jos Romersa, lëtzebuergeschen Turner.
- 1921: Ilse Aichinger, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 1924: Süleyman Demirel, tierkesche Politiker.
- 1927: Marcel Ophüls, franséische Filmregisseur.
- 1930: Franz Josef Gottlieb, éisträichesche Filmregisseur.
- 1933:Antoine Kohn, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 1933: Claude Vital, franséische Filmregisseur.
- 1934: Umberto Agnelli, italieeneschen Industriellen (FIAT).
- 1941: Jacques Attali, franséische Schrëftsteller, Ekonomist a Politiker.
- 1942: Larry Flynt, US-amerikaneschen Editeur a Publizist.
- 1949: Michael Griffin, US-amerikanesche Physiker a Rakéitenexpert.
- 1951: Fabrice Luchini, franséische Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 1961: Petr Pavel, tschechesche Generol a Staatspresident.
- 1967: Igor Muller, lëtzebuergesche Judoka.
- 1974: Patrick Schmit, lëtzebuergeschen Äiskonschtleefer.
- 1996: Lil Peep, US-amerikanesche Rapper.
- 1996: Kamil Rychlicki, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1700: Carlos II., Kinnek vu Spuenien (1665 - 1700), de leschten Habsburger um spueneschen Troun.
- 1783: Carl von Linné Jr., schweedesche Botaniker.
- 1875: Charles Simonis, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1912: Jean-Pierre Nau, lëtzebuergeschen Industriellen, Geschäftsmann, Gemengepolitiker an Deputéierten.
- 1964: Andrij Melnyk, ukraineschen Offizéier a Politiker.
- 1982: King Vidor, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1989: Hoimar von Ditfurth, Psychiater, Neurolog a Wëssenschaftsjournalist.
- 2004: Aly Bintz, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
- 2008: Jacques Piccard, Schwäizer Erfinder an Ozeanograph.
- 2015: Günter Schabowski, DDR-Politiker.
- 2019: Johannes Schaaf, däitsche Regisseur a Schauspiller.
- 2023: Claude Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Allerhellegen
- Nationalfeierdag op Antigua a Barbuda
- Nationalfeierdag an Algerien
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |