Op den Inhalt sprangen

Albert Philippe

Vu Wikipedia
Albert Philippe
Gebuertsnumm Albert Maria Philippe
Gebuer 24. Mee 1886
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Dezember 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot

Den Albert Maria Philippe, gebuer de 24. Mee 1886 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 17. Dezember 1941, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker vun der Rietspartei.[1]

Vun 1917 bis 1940 war hien am Stater Gemengerot a bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien an d'Chamber gewielt an hie gouf duerno ëmmer nees erëmgewielt a war bis zu sengem Doud Deputéierten.

Den 29. September 1941 gouf hie vun den Däitsche verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht vu wou hien de 4. November 1941 nees fräigelooss gouf.[1]

Hien huet sech ëmbruecht a gouf de 17. Dezember 1941 dout an der Uelzecht fonnt.[1]

Den Albert Philippe op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale vum Paul Cerf bei Éditions Imprimerie St-Paul S. A. Luxembourg Säit 114
  2. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy