Franz Beckenbauer
Franz Beckenbauer | |
---|---|
Gebuertsnumm | Franz Anton Beckenbauer |
Pseudonym | Der Kaiser |
Gebuer |
11. September 1945 München |
Gestuerwen |
7. Januar 2024 Salzburg |
Nationalitéit | Westdäitschland, Däitschland |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer, Trainer |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Gréisst | 181 cm |
Gewiicht | 79 kg |
Veräin/Ekipp |
FC Bayern München, Hamburger SV, Däitsch Foussballnationalekipp |
Famill | |
Kanner | Stephan Beckenbauer |
De Franz Anton Beckenbauer, gebuer den 11. September 1945 zu München, a gestuerwen de 7. Januar 2024 zu Salzburg, war en däitsche Foussballspiller, -trainer a -fonctionnaire. Hie gëtt zu de beschte Foussballspiller vun allen Zäite gezielt.
Als Spiller bei Bayern München huet hien dräimol den Europacup gewonnen. 1974 war hie Kapitän vun der westdäitscher Foussballnationalekipp, mat där en d'Finall vun der Foussball-Weltmeeschterschaft gewonnen huet. 1990 huet e mat där Ekipp, dës Kéier als Trainer, eng weider Kéier d'Weltmeeschterschaft gewonnen.
1972 an 1976 war hie Gewënner vum Ballon d'or. De Beckenbauer war ee vun de Vizepresidente vum Däitsche Foussballbond a President, an dono Éierepresident, vum FC Bayern München. Ausserdeem war hie President vum Organisatiounscomité vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland.
Säi Spëtznumm war der Kaiser.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Franz Beckenbauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |