Op den Inhalt sprangen

Gemeng Tënten

Vu Wikipedia
Gemeng Tënten
(< 2017)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Tuntange
de: Tüntingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Chef-lieu Tënten
Awunner 1.720
  1. Januar 2017
Fläch 1.872,9943 ha
Héicht 315 m
Koordinaten 49° 43’ 02’’ N
      06° 00’ 38’’ O
LAU-Code LU0411
Websäit Websäit vun der fréierer Gemeng
D'fréier Gemeng Tënten (orange)
am Kanton Miersch (rout)

Déi fréier Gemeng Tënten war bis den 31. Dezember 2017 eng lëtzebuergesch Gemeng am Äischdall, am Kanton Miersch.

Den 1. Januar 2018 ass si mat der Gemeng Béiwen-Atert zu der neier Gemeng Helperknapp fusionéiert.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1]

[änneren | Quelltext änneren]

Um ëstlechsten Deel vun der deemoleger Gemeng steet de Klaushaff, dee westlechste Punkt läit um Krécklesbierg hanner Rued, deen nërdlechste bei der Maandelbaach. No bei der Bréck bei der N12 ass dee Südlechsten ze fannen.

Déi déifst Plazen an der fréierer Gemeng si laanscht d'Äisch, déi zu Buer op enger Héicht vun 246 m leeft, zu Aansebuerg 236 m an am Mariendall 236 m.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert fusionéiert. Dës Fusioun de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht[2]. De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt. Den Numm vun der neier Gemeng ass "Gemeng Helperknapp"[3]. An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass[4].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1844: Michel Frank[5]
  • ...
  • 1956 - ...: Jean-Pierre Jaminet[6]
  • ...
  • ... - 2011: Marcel Erpelding
  • 2011 - 2017: Christiane Eicher-Karier

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:33:23.
  3. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  4. "Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten." rtl.lu, 23.05.2014, 12:30:38.
  5. Arrêté royal Grand-Ducal vum 29. Dezember 1843, n°2926f, iwwer d'Nominatioun vu Buergermeeschteren, am Memorial N°3 vun 1844
  6. Arrêté Grand-Ducal vum 18. Januar 1956 iwwer d'Nominatioun vu Buergermeeschteren, am Mémorial N°7 vum 11. Februar 1956
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy