Op den Inhalt sprangen

Krüger-Nationalpark

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Häip am Camp, wou een d'Nuecht verbrenge kann
De Krüger-Nationalpark
E Léiw lauert
Elefanten trëppelen iwwer d'Strooss
Eng Giraff
Impala am Krügerpark

De Krüger-Nationalpark oder Krügerpark (engl.: Kruger National Park) läit am Nordoste vu Südafrika an de Provënze Mpumalanga a Limpopo. En erstreckt sech vum Krokodilfloss am Süde bis zum Limpopo, dem Grenzfloss am Mosambik, am Norden. En ass ronn 350 km laang, 60 km breet a bedeckt eng Fläch vu ronn 20.000 km². Domat ass de Krügerpark de gréisste Nationalpark vu Südafrika. Am Park gëtt et 147 Mamendéierenaarten, eng 500 Vullenaarten an 114 Reptillaarten.
De Krügerpark ka mat engem Privatauto awer och mat engem Klengbus mat Guide besicht ginn. Besonnesch moies an aller Fréi sinn d'Chance grouss, fir op enger Foto-Safari vill wëll Déiere kënnen ze knipsen. Ënnerkonft fënnt een an de verschiddene Campe vum Krügerpark. Ausser dem Krügerpark gëtt et an der Noperschaft och eng Rei méi kleng Privatparke mat wëllen Déieren.

De Nationalpark gouf 1898 vum President Paul Kruger gegrënnt, a krut 1961 en Zonk ronderëm, fir sou d'Wëldness ze protegéieren. Haut stellt en dat gréisst zesummenhänkend Schutzgebitt fir wëll Déieren an Afrika duer.

Zanter 2000 gëtt de Park no Mosambik a Simbabwe hi vergréissert. Stroosse féieren duerch de Krüger-Nationalpark.

Fotoalbum vum Krüger-Nationalpark

[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Säit vum Krügerpark op engl.


Commons: Kruger National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy