Leonhard Euler
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Leonhard Euler | |
---|---|
De Leonhard Euler am Alter vu 46 Joer | |
Gebuer |
15. Abrëll 1707 Basel |
Gestuerwen |
18. September 1783 Sankt Péitersbuerg |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Kinnekräich Preisen |
Educatioun | Universitéit vu Basel |
Aktivitéit | Mathematiker, Physiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Musekstheoreetiker, Astronom, Wëssenschaftler, Erfinder, Geograph |
Member vun | Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Royal Society, Accademia delle Scienze di Torino |
De Leonhard Euler, gebuer de 15. Abrëll 1707 zu Riehen an der Schwäiz, a gestuerwen den 18. September 1783 zu St. Petersburg, war e Schwäizer Mathematiker a Physiker.
Hie war produktiv an huet d'Mathematik vum 18. Joerhonnert dominéiert. Hie war ee vun deenen éischten, déi d'Analyse an der Physik developpéiert hunn. No him sinn 23 mathematesch Objeten, Formelen a Resultater benannt.
De 17. Mee 1727 huet den Daniel Bernoulli en op d'Akademie vu St. Petersburg geruff.
Déi lescht siwwenzéng Joer vu sengem Liewe war e komplett blann, wat en awer net dovun ofgehalen huet, bal d'Hallschent vu senger Aarbecht an där Zäit ze realiséieren.
Posthum ass en zu speziellen Éiere komm: säi Bild war um Schwäizer 10-Frang-Schäin. E Moundkrater an en Asteroid sinn no him benannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Leonhard Euler – Biller, Videoen oder Audiodateien |