Mathias Jänisch
Mathias Jänisch | ||
Spillerinformatiounen | ||
---|---|---|
Vollen Numm | Mathias Jänisch | |
Gebuertsdag | 27. August 1990 | |
Gebuertsplaz | Riedlingen, Däitschland | |
Positioun | Band | |
Veräiner als Aktiven1 | ||
Joer | Veräin | Matcher (Goler) |
2006–2009 2007-2009 2009- |
US Hueschtert CS Gréiwemaacher FC Déifferdeng 03 |
24 (2) 164 (16) |
Nationalekipp2 | ||
2009- | Lëtzebuerg | 56 (1) |
1 Nëmme Liga-Matcher. |
De Mathias Jänisch, gebuer de 27. August 1990 zu Riedlingen (Däitschland), ass e lëtzebuergesch-däitsche (Sic!) Foussballspiller.[1]
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Kandheet
[änneren | Quelltext änneren]De Mathias Jänisch ass am Alter vu 5 Joer mat senger Famill op Lëtzebuerg geplënnert.
De Mathias Jänisch huet an Däitschland mam Foussball beim TSV Dettingen-Wallhausen ugefaangen. Zu Lëtzebuerg ass hien du bei den SC Beetebuerg spille gaangen. Vun do ass hien an d'Jugendekipp vum US Hueschtert gaangen.
Härenekipp
[änneren | Quelltext änneren]De Jänisch ass 2006 an d'Härenekipp vun Hueschtert gewiesselt. No engem hallwe Joer ass hien du bei den CS Grevenmacher verléint ginn. 2009 huet hie ganz bei den FC Déifferdeng 03 gewiesselt.
Nationalekipp
[änneren | Quelltext änneren]Zanter dem 28. Mäerz 2009 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp.[2]