Op den Inhalt sprangen

Porto Cervo

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Porto Cervo
Land Italien
Regioun Sardinien
Provënz Olbia-Tempio
Koordinaten 41°7'55,9974"N, 9°32'8,5333"O
Awunner 200

Porto Cervo ass eng Hafestad op der Costa Smeralda, der Nordostküst vu Sardinien an Italien, déi vun Touriste staark besicht ass.

Nobäi ass de 46 m héije Capo Ferro mat sengem Liichttuerm. Porto Cervo ass eng mat modernen Elemente gebaut Uertschaft. Hire Stil dréit awer de sardeschen Traditioune Rechnung. D'Uertschaft ass vum internationalen Jetset opgesicht, dat heescht besonnesch vu Leit mat Mënz. Dat gëtt begënstegt duerch e gutt ausgebauten Hafen. Et gëtt vill héichklasseg Hotellen an Oweslokaler. An der Mëtt vun der Uertschaft läit eng Piazetta, där hir vill Caféen an Terrasse staark besicht sinn. D'Entwécklung vu Porto Cervo als Touristenuertschaft ass duerch den Openthalt vum Karim Aga Khan IV., an den 1960er Joren, begënstegt ginn.

Commons: Porto Cervo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Am Zentrum vu Porto Cervo
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy