Op den Inhalt sprangen

Victor Ewen

Vu Wikipedia
Victor Ewen
Gebuer 20. Mäerz 1914
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 5. Mee 1966
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei KPL, LSAP

De Victor Ewen, gebuer den 20. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, an och do de 5. Mee 1966 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (KPL/LSAP).[1]

De Victor Ewen huet als Infirmier op Arbed Esch-Belval geschafft.

Nom Krich huet hien op der Lëscht vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) bei de Gemengewale kandidéiert. Hie gouf de 7. Oktober 1945 an den Escher Gemengerot gewielt. Nom Ungaresche Volleksopstand, am Oktober 1956, ass hien aus der KPL ausgetrueden, a gouf Member vun der LSAP. 1961 gouf hien nees op där hirer Lëscht an de Gemengerot gewielt, wou e bis zu sengem Doud Member blouf.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 29. Dezember 1969 decidéiert, eng Strooss am Quartier Lakelz no him ze nennen. (L-4113)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.86.
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy