Kréchel
Kréchel | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E männleche Kréchel | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Falco tinnunculus „Linnaeus“ 1758 |
De Kréchel, Kréchelek oder Tuermfallek (Falco tinnunculus, de: Turmfalke, fr: faucon crécerelle), ass e Gräifvull aus der Famill vun de Falconidae. Et ass ee vun de geleefegste Gräifvullen zu Lëtzebuerg.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Kréchele gi ronn 35 cm grouss. De Männchen huet routbrong Plomme mat schwaarzen Tëppelen an en hellgroe Kapp. De Bauch ass hell an huet nëmme liicht brongelzeg Flecken. Ronderëm d'Féiss an d'Aen ass e gielzeg. D'Weibchen ass liicht méi grouss wéi de Männchen, ass liicht méi donkel an huet méi prononcéiert Flecken. D'Kappfaarf ass, anescht wéi beim Männchen, d'selwecht wéi déi vum Rescht vum Kierper. Charakteristesch fir de Kréchel ass, nieft sengem Ausgesinn, seng Ki-ki-ki…-Riff a seng Aart a Weis, duerch séiere Flillekeschlag an der Loft ze "stoen", wann en no Friesse sicht.
E Kréchel, deen an der Lut "steet": E beweegt seng Flilleke séier an huet d'Schwanzfiedere gespreet.
Brutt
[änneren | Quelltext änneren]Kréchele wunnen deelweis an ale Gebaier, a Fielswänn oder op héije Beem. Si baue selwer keng Näschter, mä benotzen déi, déi vun anere Kréievulle verlooss goufen. Och Naschtkëschten huelen se gär un.
Am Mäerz si Kréchele bei opfällege Balzflich z'observéieren. Am Abrëll leet d'Weibchen all 2-6 Deeg hannereneen am Ganzen 2-6 rout-brong gepierpelt Eeër. Dës ginn ronn 28 Deeg laang, virun allem vum Weibchen, ausgebréit. D'Männche geet him déi Zäit d'Friesse sichen.
Jonk Kréchelen hu bei der Gebuert e wäissen Diwwi. No 20 Deeg ass d'Plommekleed komplett. Se gläichen da vun der Faarf hir éischter de Weibercher.
Kascht
[änneren | Quelltext änneren]Gréisstendeels jot de Kréchel kleng Knabberdéieren. E fänkt sech awer och alt Insekten, Amphibien a kleng Vullen.
De Kréchel zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Wéi och soss doruechter, a bei villen anere Vullenaarten, ass de Kréchel duerch dem Mënsch seng Aktivitéite bedreet: Intensiv Landwirtschaft, Pestiziden, de Verloscht un Naschtplazen, an net zulescht den Autosverkéier maachen, datt de Kréchel ëmmer méi rar gëtt.
De Kréchel ass 2009 vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) als de Vull vum Joer erausgesicht ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Falco tinnunculus – Biller, Videoen oder Audiodateien |