McDonnell Douglas MD-80
D'McDonnell Douglas MD-80 ass een zweestralege Fliger vum US-amerikanesche Fligerbauer McDonnell Douglas. D'MD-80 gouf 1.191-mol gebaut an ass domat deen erfollegräichste Fliger vu McDonnell Douglas.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An den 1970er Joren huet den US-amerikanesche Fligerhiersteller Douglas Aircraft Company eng gestreckt Versioun vun der Douglas DC-10 geplangt. No der Fusioun mat der McDonnell Aircraft Corporation goufen déi Pläng a Form vun der MD-80 verwierklecht. 1980 goufen déi éischt Maschinne vun der Versioun MD-81 un d'Swissair an d'Austrian Airlines ausgeliwwert.
Nodeem Boeing mat der 737-300 en änleche Fliger op de Maart bruecht huet dee méi effizient war, koum kuerz duerno d'MD-87 eraus. E puer Joer drop huet Airbus mam A320 ee weidere Konkurrent fir d'MD-80 op de Maart bruecht. Trotz där Konkurrenz konnt d'MD-80 awer gutt mathalen a gouf bis 1999 produzéiert.
Den Nofollger MD-90 konnt net un den Erfolleg vun der MD-80 uknëppen.
Versiounen
[änneren | Quelltext änneren]- MD-81: Grondversioun vun der MD-80 mat Plaz fir 172 Passagéier
- MD-82/-88: méi schwéier Versioun mat méi grousser Reechwäit
- MD-83: nach emol méi schwéier wéi d'MD-82, méi modernen Ekipement
- MD-87: ëm 4,50m gekierzt Versioun mat Plaz fir 139 Passagéier
Technesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Kenngréisst | MD-81 | MD-82/-88 | MD-83 | MD-87 |
---|---|---|---|---|
Längt | 45,10 m | 39,70 m | ||
Spanwäit | 32,80 m | |||
Héicht | 9,05 m | 9,30 m | ||
Fligelfläch | 92.97 m² | |||
Maximaalt Startgewiicht | 63.503 kg | 67.812 kg | 72.575 kg | 63.503 kg 67.813 kg1 |
Reesvitess | Mach 0.76 zirka 811 km/h | |||
Passagéier (2 Klassen) | 155 | 152 | 155 | 130 |
Passagéier (1 Klasse) | 172 | 139 | ||
max. Reechwäit | 2.897 km | 3.798 km | 4.635 km | 4.395 km (5.428 km)4 |
Fluchhéicht | 11.277 m | |||
Motor | 2 P&W JT8D-209 à 82 kN |
2 P&W JT8D-217A/C à 89 kN |
2 P&W JT8D-219 à 93,4 kN |
2 P&W JT8D-217C à 89 kN |
Éischt Ausliwwerung | 13. September 1980 un Swissair |
5. August 1981 un Republic Airlines2 19. Dezember 1987 un Delta Air Lines3 |
20. Februar 1985 un Alaska Airlines |
1. November 1987 un Finnair |
Lescht Ausliwwerung | 24. Juni 1994 un JAL |
17. November 1997 un U-Land Airlines2 25. Juni 1997 un Onur Air3 |
21. Dezember 1999 un TWA |
23. Mäerz 1992 un SAS |
Total produzéiert | 132 | 5692 1503 |
265 | 75 |
1 Versioun mat méi groussem Startgewiicht |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: McDonnell Douglas MD-80 – Biller, Videoen oder Audiodateien |